Solarkadaster Schëtter

 

Online Solarkadaster vun der Gemeng Schëtter:

Am Kader vun eiser Energiepolitik, an dem Aktiounsplang Ëmwelt an Klimapakt, huet d'Gemeng Schëtter en online Solarkadaster erstelle gelooss.

Sënn an Zweck vum Solarkadaster ass deen, Informatiounen iwwer d'Energiepotential (Sonnenenergie, Photovoltaik, thermesch Energie) ze ginn, wat op all eenzelem Daach vun den Haiser an der Gemeng Schëtter ze huele wier.

Mat Hëllef vum Solarkadaster probéiere mir, eis Bierger ze sensibiliséieren an iwwer méiglech Solaranlagen ze informéieren, déi et hinnen engersäits erméiglecht Energiekäschten ze spueren an anerersäits e Bäitrag zu enger dauerhafter Entwécklung duerch d'Notzung erneierbarer Energien ze leeschten.

http://cadastresolaire.schuttrange.lu/
macommune.lu
© Administration Communale de Schuttrange